Commercial (m/f) Expirée

Publiée le 17/12/2025

Agence Foyer Schumacher & Schmitz logo

Agence Foyer Schumacher & Schmitz


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , LB

D’Agence Schumacher & Schmitz zu Remerschen an d‘Agence Welter & Schmitz zu Réimech sichen e Commercial (m/f)

 

Är Missiounen:


  • Dir stitt am direkte Kontakt mat der privater a professioneller Clientèle vun der Agence,
  • Dir suergt dofir, datt är Relatioune mam Client gefleegt an ausgebaut ginn,
  • Dir schafft aktiv drun, fir nei Clienten ze gewannen,
  • Dir assuréiert den administrative Suivi vun de Clientsdossieren.

 

Eis Offer:


  • d‘Méiglechkeet fir an enger traditiounsräicher Agence ze schaffen, déi zu engem renomméierte Grupp gehéiert an eng staark Mark am Secteur vun den Assurancen zu Lëtzebuerg ass,
  • en dynameschen a professionellen Environnement,
  • exzellent Méiglechkeete fir sech weiderzebilden,
  • interessant Entwécklungsperspektiven,
  • d‘Avantage vum Assurancen-Kollektivvertrag
  • ee Contrat à durée indéterminée
  • eng Remuneratioun, déi äre Kapazitéiten an äre Resultater entsprécht.

 

Äre Profil:



  • Dir hutt een Bac, Bac +3 oder eng äquivalent Berufserfahrung
  • Dir hutt e staarke Geschäftsgeescht,
  • Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
  • Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch a Franséisch, all aner Sprooch ass vu Virdeel.