Een Diploméierten Erzéier (M/F/D) Centre Socio-thérapeutique Kautebaach - CDD - 20h (6186)
Publiée le 20/01/2026
Croix-Rouge luxembourgeoise
D’ Lëtzebuerger Rout Kräiz rekrutéiert :
Een Diploméierten Erzéier (M/F/D) Referenz: 6186
fir säi Centre Socio-thérapeutique zu Kautebaach am CDD (vum 01/02/2026 bis den 30/11/2026) fir 20 Stonnen/Woch
Déi sozio-therapeutesch Struktur huet als Missioun Kanner aus dem Enseignement Fondamental an hir Famillen a schwierege Situatiounen (situations de détresse scolaire) duerch ee ganzheetlecht Hëllefsugebuet ze begleeden an ze ënnerstëtze mam Ziel t‘Kanner dauerhaft an der Reegelschoul ze integréieren.
Missiounen:
- Eng therapeutesch Begleedung a Betreiung, déi op de spezifesche Besoin vun de Kanner ugepasst ass
- Eng Vertrauensrelatioun mam Kand opzebauen, him verfügbar an opmierksam ze sinn, him a sengem Léieren an am Spaass, kënschtleresch, sportlech Aktivitéiten, asw.
- Sécherstellen regelméisseg Suivi mat der Famill an externen Déngschtleeschter a Relatioun mam Kand
- Kand bei senger sozio-emotionaler Entwecklung begleeden
Profil:
- Unerkannten Diplom als Erzéier
- Berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsin
- Zousätzlech Formatiounen an der déieregestützten Therapie, Erliefnespädagogik, Spilltherapie, Konschttherapie oder Familljentherapie si vu Virdeel
- Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch beherrschen
Wann Dir ernannt gitt, gëtt Dir gefrot, eng Kopie vun Ärem polizeilichen Führungszeugnis virzeleeën.