Account Manager / Business Developer B2B (CDI oder Stage)
Publiée le 28/05/2023

Moovijob.com
Moovijob.com, féierenden Online Job Board an Organisateur vun de gréisste Recrutementsevenementer zu Lëtzebuerg, sicht de Moment no engem motivéierten
ACCOUNT MANAGER / BUSINESS DEVELOPER B2B (m/w/d)
(CDI oder Stage)
Är Aufgaben:
- Acquisitioun vu neie Cliente: Dir identifizéiert a kontaktéiert lëtzebuergesch Firmen, déi nei Mataarbechter sichen, fir hinnen d'Schalte vun Aarbechtsannoncen op Moovijob.com unzebidden.
- Suivi Client: Dir betreit Är Clienten a kuckt no hinne wärend der ganzer Vertragszäit.
Äre Profil:
- Dir hutt am Idealfall eng Léier oder en Diplom mat engem Fokus op Verkaf/Business Administration oder änlechen an eventuell schonn eng Erfarung am B2B Verkaf.
- Virun allem genéisst Dir Verkaf an alldeegleche Clientskontakt.
- Dir sidd ambitiéis a prett fir Erausfuerderung.
- Dir sidd frou mam Kontakt, dynamesch a gutt organiséiert.
- Dir schwätzt fléissend Däitsch an Englesch an hutt e gudden Niveau am Franséischen.
Moovijob.com
Zënter 2007 bréngt Moovijob.com d'Patronen an d'Bewerber zesummen, sou datt mir en Haaptacteur am Recrutementsberäich zu Lëtzebuerg sinn.
Mir bidden Iech d'Méiglechkeet Deel vun enger jonker a vertrauter Equipe ze ginn. An eisem Büro an der direkter Ëmgéigend vun der Gare schaffe mir an enger Startup-Atmosphär mat enger flaacher Hierarchie.
Interesséiert fir méi iwwer d'Salesteam vu Moovijob.com ze wëssen?
Kuckt Iech d'Mini Portraite vun den Teammemberen un andeems Dir op d'Links ënnert der Aarbechtsplaz klickt.
Wann Dir Iech am uewe beschriwwene Profil fannt, freeë mir eis Är Kandidatur (CV an e kuerze Motivatiounsbréif) ze kréien. Dir sidd och wëllkomm eis iwwer Telefon ze kontaktéieren.
Mir freeën eis op Iech! 😊
Porträt Yannick - Director Luxembourg
https://www.instagram.com/p/CRgTBJ_Jov7/?igshid=YmMyMTA2M2Y%3D
Porträt Stéphane - Account Manager
https://www.instagram.com/p/CaZN1CQNASe/?igshid=YmMyMTA2M2Y%3D
Porträt Inga - Account Manager
https://www.instagram.com/p/CWpxl79tyjM/?igshid=YmMyMTA2M2Y%3D
Porträt Louis - Account Manager
https://www.instagram.com/p/CWk0pm-NZwd/?igshid=YmMyMTA2M2Y%3D