Graduéiert Erzéier oder Assistant social (m/w/d)
Publiée le 02/05/2024
Croix-Rouge luxembourgeoise
D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Graduéiert Erzéier oder Assistant social (m/w/d)
Referenz: 4367
fir säi Service « Families First » zu Bartreng am CDI fir 35 Stonnen/Woch
Missioun:
- Mat Familljen schaffen déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen
- Mat enger wäertschätzender, participativer an léisungsorientéierter Haltung den Familljen begéinen an mat hinnen den Alldag gestalten
- Verschidden Methoden combinéieren fir Krisen an Konflikter constructif entgéint ze kommen
- Elterenkompetenz duerch Berodung, Uweisungen an praktesch Ënnerstëtzung verstäerken
- Fallanalysen erstellen
Profil:
- Unerkannten Diplom als graduéiert Erzéier oder Assistant social
- Berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich vun minimum 3 Joer
- Eng zousätzlech Formatioun am Beräich systemesch Therapie oder Familljentherapie ass vu Virdeel
- Déi 3 Landessprooche (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) beherrschen, all weider Sprooch ass vu Virdeel
- Flexibilitéit betreffend den Aarbechtszäiten
- Gutt redaktionell Fäegkeeten
- Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsinn
- Führerschäin B
Am Fall vun enger Astellung froen mir een Extrait vum Casier judiciaire.