NEW Chargé de direction (M/W/NB) - Crèche/Maison Relais Rammerech
Publiée le 13/02/2026
ARCUS asbl
- Koetschette
- Santé / Médical / Social
Mir sichen als Verstäerkung vun der Equipe dirigeante vun der Crèche/Maison Relais Rammerech: Chargé de direction (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/ Woch
D’Crèche an d’Maison Relais Rammerech bidden Plaz fir ronn 300 Kanner a verfüge iwwer professionell ageriicht Bildungsraim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fërderen d’Beweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.
Deng Aufgaben:
Du bass zoustänneg fir den organisatoreschen Oflaf an déi administrativ Leedung vum Site
Du encadréiers eng pluridisziplinär Ekipp a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung vun de Mataarbechter.innen
Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogesche Projeten déi de Besoine vun de Kanner an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen
Du vertrieds d’Crèche an d’Maison Relais no baussen (Familljen, extern Partner, Gemeng, etc.) a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht
Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Direktioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am sozio-edukative Beräich (minimum Bachelor)
Du hues Beruffserfarung am Crèche-Beräich
Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden
Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vu neie Projeten
Du kanns selbstänneg schaffen an hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)