NEW Responsabel vum Service Technique (M/W/NB) - Multi Sites
Publiée le 14/02/2026
ARCUS asbl
Mir siche e Responsabel fir eisen Service Technique (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.
Als Responsabel fir eise Service Technique iwwerhëls du d’Leedung an Begleedung vun enger Ekipp, bestoend aus 10 Handwierker an Techniker, déi fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg sinn.
Deng Aufgaben:
Begleeden, Koordinéieren an Ënnerstëtze vun enger multidisziplinärer technescher Ekipp
Chantieren op verschidde Site plangen, prioriséieren an iwwerwaachen (Reparaturen, Renovatiounen a verschidde Bauaarbechten)
Offeren ufroen, analyséieren a vergläichen; esou wéi Lagerbestänn an Akeef geréieren
Konformitéit, Sécherheet an den technesche Suivi vun de Strukture koordinéieren
Enk Zesummenaarbecht mat de Responsabele vun de Strukturen an dem Service Généraux an e Versteesdemech vun de Contrainten um Terrain
Staark Präsenz op de verschidde Sitten fir d‘Besoine fréizäiteg ze identifizéieren
Däi Profil:
Op mannst en techneschen BAC oder e Meeschterbréif am Handwierk
Noweisbar Erfarung an der Leedung vun enger technescher Ekipp
Excellent Kenntnisser am Bau-, Maintenance- oder Handwierksberäich
Fäegkeet, komplex Aarbechten op de verschidde Chantieren ze koordinéieren
E staarkt ausgebaute Versteesdemech fir d‘Realitéit um Terrain (sozialen, edukativen, pedagogesche Secteur)
Organisatoresch Kompetenzen: Plangen, Prioriséieren a Koordinéieren
Eegeninitiativ, Autonomie, Erreechbarkeet a Léisungsorientéierung
Fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
Waat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)