Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

Publiée le 05/12/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Se ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Se bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d’Maison Relais Capellen: Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) – CDI – 20-30 Stonnen/Woch


An der Maison Relais Capellen gëtt Teamgeescht tëscht dem Personal, de Kanner, den Elteren an der Schoul grouss geschriwwen. 250 Kanner ginn an enger dynamescher Ekipp vu 35 Mataarbechter, fir déi Zesummenhalt, Inklusioun an e gudde Kontakt zu der Famill wichteg ass, empfaangen. Villfälteg Bildungsräim, déi vum pädagogesche Personal kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, stinn de Kanner zur Verfügung. All Mataarbechter huet d'Méiglechkeet sech stänneg weider ze entwéckelen, duerch Formatiounen déi ugebuede ginn, ewéi och duerch déi intern Fachberodung.


Responsabilitéiten:

  • Du empfänks a begleeds Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom oder sichs eng Aarbechtsplaz fir deng Educateursformatioun

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel


Mir bidden

  • D'Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou datt du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Postulez en ligne

Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.