NEW Educateur diplômé/ gradué (M/W/NB) - Crèche Mäerzeg
Publiée le 12/09/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir eis Crèche Mäerzeg : Educateur diplômé oder gradué(M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch
D'Crèche Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner a leit an enger ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzunge fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. Mir bidden e familiärt Ëmfeld a setze grousse Wäert op Elterenpartnerschaft an déi regional Vernetzung. Fir eist dynamescht Team ze verstäerken, siche mir en engagéierten a motivéierte Mataarbechter, dee Loscht huet an enger empathescher Ekipp ze schaffen an d'Kanner mat Freed op hirem Wee ze begleeden.
Deng Aufgaben:
Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (diplômé oder gradué)
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen
Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)