NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Mamer

Publiée le 03/04/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , EN , DE , LB

Mir siche fir d'Maison Relais Mamer: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 25-30 Stonnen/Woch


D'Maison Relais zu Mamer bitt Plaz fir ronn 650 Kanner. Hei ze schaffen heescht, Deel vun enger engagéierter an dynamescher Equipe ze sinn, an där Kreativitéit, Zesummenaarbecht an nei Iddien am Mëttelpunkt stinn. All Dag erginn sech nei Méiglechkeeten, fir innovativ Aktivitéiten ze entwéckelen an d’Kanner gezielt an hirer Entwécklung ze begleeden. D’Gréisst vun der Maison Relais mécht d’Aarbecht besonnesch ofwiesslungsräich a spannend. Si bitt eng flott Erausfuerderung, déi net nëmme berufflech Kompetenze stäerkt, mee och vill Raum fir perséinlech Entwécklung a Matgestaltung léisst.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner ab 3 Joer am Grupp Précoce

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

(bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)

Postulez en ligne

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Mamer

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


1

La Newsletter

Restez informé de l'état du marché du travail au Luxembourg et recevez nos conseils pratiques !

Désinscription possible à tout moment.