NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Neie Projet Hand & Wierk

Publiée le 19/03/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , EN , DE , LB

Mir siche fir eisen neie Projet Hand & Wierk zu Itzeg een Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch.


Du hues Loscht op eng spannend an inspiréierend Erausfuerderung?

Du schaffs gär mat Jonken a wëlls se aktiv op hirem Wee an d’Beruffsliewe begleeden?

Da bass du bei eis genee richteg!


Eisen neie Projet Hand & Wierk huet als Zil, Jonker op hirem Wee an eng berufflech an autonom Zukunft ze ënnerstëtzen. An engem geschützte Kader, verbonne mat konkreten Aarbechtsplazen a verschiddenen Handwierks- a Praxisberäicher, bidde mir hinnen eng éischt berufflech Erfarung an eng Bréck an den oppenen Aarbechtsmarché. De Projet ass innovativ ugeluecht a bitt eng laangfristeg Perspektiv – fir déi Jonk wéi och fir eis Mataarbechter:innen.

Deng Aufgaben:

  • Begleedung vu Jonken an hirer berufflecher a perséinlecher Entwécklung

  • Schafe vun engem zoutraulechen Aarbechtsëmfeld, an deem Jonker praktesch Erfarung sammelen an u Selbstvertrauen gewannen fir hir berufflech Zukunft ze gestalten

  • Praktesch Handwierksaarbecht zesumme mat engem Handwierker an de Jonken

  • Fërdere vu fachleche Kompetenzen a Sozialfäegkeeten

  • Ënnerstëtzung beim Iwwergang an d’Beruffsliewen: Bewerbungsprozesser, Stagen, Léierplazen, an déi éischt Schrëtt um Aarbechtsmarché

  • Entwécklung a Leedung vu Workshops an Atelieren, déi un d’Realitéite vun der Aarbechtswelt ugepasst sinn

  • Zesummenaarbecht mat Schoulen, Formatiounsinstituter, Employeuren an anere Partner

 Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé

  • Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 5 Joer

  • Du bass bereet en innovative Projet aktiv mat opzebauen

  • Du bass motivéiert Jonker fir d’Beruffswelt ze begeeschteren

  • Du hues Interessi a Freed un praktescher Handwierksaarbecht mat Jonken

  • Du hues Freed dorunner Jonker ze begleeden, an hinne Struktur, Sécherheet an Inspiratioun ze bidden

  • Du bréngs Empathie, Gedold a gutt Kommunikatiounsfäegkeeten mat

  • Du bass bass fäeg, souwuel am Team wéi och autonom ze schaffen

  • Du hues ee Fürerschäin

  • Du hues Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Postulez en ligne

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Neie Projet Hand & Wierk

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.