NEW Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Süden)
Publiée le 11/02/2026
ARCUS asbl
- Itzig
- Santé / Médical / Social
Mir siche fir de Service Betreit Wunnen (Regioun Süden): Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom Liewens- an Handlungsweis z’entwéckelen. Op Aenhéicht bereet eis multidisziplinär Ekipp déi Jonk op hir Zukunft vir a begleet si op hirem Wee an d’Onofhängegkeet. Dozou gehéiert, datt déi Jonk een eegent Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder e Studio zur Verfügung gestallt kréien. Fir d’Qualitéit vun der Aarbecht ze stäerken, hunn d’Mataarbechter duerch Supervisiounen an Eenzelcoachings mam Chef de Groupe d’Méiglechkeet, sech ze reflektéieren an sech perséinlech ewéi och fachlech weiderz’entwéckelen. Sou sinn si optimal op déi berufflech Erausfuerderungen am Alldag virbereet.
Deng Aufgaben:
Verantwortung fir 2-3 Wunngemeinschaften am Süden vum Land
Begleedung an Ënnerstëtzung vun 7-8 jonken Erwuessenen an hirem Alldag (Wéchentlech Eenzelgespréicher, Ausschaffe vun Ziler, Anbléck an déi finanziell Situatioun, asw.)
Ausféieren vu sozialpädagogeschen Opträg
Plangen an Ausféieren vu Gruppenaktivitéiten
Koordinatioun an Zesummenaarbecht mat internen an externen Kooperatiounspartner
Planifikatioun a Leedung vu Grupperversammlungen
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor-Diplom am sozio-edukative Beräich
Du hues Beruffserfarung mat jonken Erwuessenen
Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen
Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleeden vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann
Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sproch ass vu Virdeel
Du hues den Fürerschäin B an en eegenen Auto
Waat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)