Educateur gradué (M/W/NB) - Spillzenter

Publiée le 11/03/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , EN , DE , LB
Niveau d'étude

Mir siche fir eise Centre de ressources Spillzenter: Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch


De Spillzenter invitéiert Fachpersonal aus der non-formaler Bildung souwéi aus der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille, d’Potenzial vum Spill am Léier- an Entwécklungsprozess vum Kand nei ze entdecken. Als inspiréierend Ressourcenplaz ënnerstëtzt de Spillzenter d’Entwécklung vun enger pädagogescher Praxis, déi Kanner zum Experimentéieren, zur Kreativitéit, zur Fantasie an zum Léieren duerch d’Spill ureegt.


Deng Aufgaben

  • D'Pedagogik vum Spill am Centre de ressources Spillzenter promouvéieren

  • Praktesch Emsetzung vum nationale Referenzkader fir d’non-formal Bildung

  • Pedagogesch Berodung vu Professionellen, déi mat Kanner bis 12 Joer schaffen

  • Déi aktuell Diskussiounen an der non-formaler Bildung am Bléck hunn an nei an innovativ Projeten entwéckelen

  • Eng aktiv an digital Ëffentlechkeetsaarbecht ronderëm d'Spill a fir de Spillzenter als Centre de ressources leeschten

  • Eng dynamesch Vernetzung an nationalen an internationale Reseaue vu Partneren an Institutiounen

  • D‘Gestioun vum Spillzenter assuréieren: Spillberäicher, Fachbibliothéik, Kannerbibliothéik a Ludothéik

Däi Profil

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor am Beräich Sciences Sociales et Educatives

  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung

  • Du hues Kenntnisser an der Theorie a Praxis vun der non-formaler Bildung an/oder an der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille

  • Du fills dech wuel am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik

  • Du bass en oppenen, dynameschen, clientsorientéierten a kommunikative Mënsch

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Postulez en ligne

Educateur gradué (M/W/NB) - Spillzenter

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


1

La Newsletter

Soyez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

Désinscription possible à tout moment.