NEW Kach (M/W/NB) - Maison Relais Capellen
Publiée le 28/01/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir d’Maison Relais Capellen en Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
An der Maison Relais zu Capelle leeë mir grousse Wäert op Teamgeescht a Qualitéit. Als neie Member vun eiser Kichenekipp bass du matresponsabel fir d'Zoubereedung vu frësche Moolzechten an hëllefs eis dobäi, den héije Standard vun eiser inklusiver an häerzlecher Struktur ze garantéiren.
Deng Aufgaben:
Enk Zesummenaarbecht mam Chefkach fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen
Molzechte preparéieren a presentéieren
En Schaffen no den HACCP-Normen
Iesse fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren a garantéieren datt et zu kenge Kräizkontaminatiounen kënnt
D’Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren
Däi Profil:
Besetz vun engem a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
E fundéiert Wësse am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner
Zäitmanagement a Gestioun vum Stock
Allergien an kulturell Restriktiounen eescht huelen
Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)