NEW Psycholog (M/W/NB) - Internat Mäerzeg

Publiée le 26/09/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Niveau d'étude

Mir siche fir d'Internat Mäerzeg: Psycholog (M/W/NB) am CDI mat 20 Stonnen/Woch

D'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 26 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Ekipp ze gestalten.


Deng Aufgaben:

  • Du ënnerstëtz d‘Kanner an hirer affektiver, emotionaler a sozialer Entwécklung

  • Du fërders d‘Verselbstännegung vun de Kanner

  • Du organiséiers Präventiouns- an Entwécklungsworkshops (emotional Regulatioun, sozial Fäegkeeten, Mobbing, Selbstvertrauen, asw.)

  • Du ënnerstëtz d‘Personal beim Versteesdemech vun de psychologesche Besoine vun de Kanner

  • Du geréiers Krisesituatiounen an hëllefs konsequent Interventiounen ëmzesetzen

  • Du fërders eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal


Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog

  • Du hues eng éischt Beruffserfarung an engem änleche Posten

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren a dokumentéieren

  • Du kanns gutt am Reseau schaffen (pluridisziplinär Ekipp, Elteren, Schoulpersonal an extern Partner)

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen

  • Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (travail en soirée)

Wat dech erwaart:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld

  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Postulez en ligne

NEW Psycholog (M/W/NB) - Internat Mäerzeg

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


1

La Newsletter

Restez informé de l'état du marché du travail au Luxembourg et recevez nos conseils pratiques !

Désinscription possible à tout moment.