Psycholog (M/W/NB) - Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden & Familljenhaus Déifferdeng)

Publiée le 30/11/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Expérience professionnelle
Niveau d'étude

Psycholog (M/W/D) – Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden & Familljenhaus Déifferdeng)


arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire 1500 Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir de Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden zu Esch-Uelzecht & Familljenhaus Déifferdeng) e Psycholog (m/w/nb) am CDI mat 20-30 Stonnen/Woch.


Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen. Dorënner, bitt de Berodungsdéngscht eng psychotherapeutesch Ënnerstëtzung fir Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener, Elteren a Fleegefamilljen, déi individuell oder familiär Problemer hunn, souwéi Diagnostik a Clearing.


Responsabilitéiten:

  • Du begleets an ënnerstëtz eenzel Persounen a Familljen op hirer Rees zu méi Wuelbefannen a Stabilitéit


Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog (Master), oder soss e Master an engem sozial-pädagogesche Beräich, respektiv eng Unerkennung als Psychotherapeut

  • Du hues eng therapeutesch Ausbildung vun minimum 300 Stonnen („en cours de formation“ kënnt och a Fro)

  • Du hues minimum 2 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum C1), all aner Sprooch ass vu Virdeel

  • Du hues de Permis B an en Auto


Mir bidden:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld



(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)


Postulez en ligne

Psycholog (M/W/NB) - Berodungsdéngscht (Familljenhaus Süden & Familljenhaus Déifferdeng)

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.