Chargé·e de communication (50%) – CDD

Publiée le 16/04/2026

FEDAS Luxembourg asbl logo

FEDAS Luxembourg asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB

Chargé·e de communication


Poste am Deelzäit (50%) – CDD


Wien si mir?


D’FEDAS Lëtzebuerg ass eng Federatioun an den Haaptacteur am Reseau vun den Organisatiounen am soziale Secteur. Si vertrëtt a verdeedegt d’Interesse vun hire Memberen, fir d’Situatioun um Terrain nohalteg ze verbesseren.


Eis Missioun


D’Siichtbarkeet, d’Transparenz an d’Widderstandsfäegkeet vun engem essentielle gesellschaftlechen a sozial relevante Secteur ze stäerken.


Är Roll: D’Stëmm vun der FEDAS Lëtzebuerg


Als Chargé.e de Communication spillt Dir eng wichteg Roll bei der Ëmsetzung vun der Kommunikatiounsstrategie vun der Federatioun. An enker Zesummenaarbecht mat der Kommunikatiounsekipp setzt Dir gezielt Moossnamen ëm, fir eis Aktiounen a Messagen no baussen ze droen an d’Visibilitéit duerch eng Villfalt vu Projeten ze stäerken.


Är Aufgaben


Ëmsetzung vun der Kommunikatiounsstrategie


  • Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung vun enger effikasser interner an externer Kommunikatioun
  • Matorganisatioun an Deelhuele bei internen Evenementer (z. B. Reuniounen, Assemblée générale) an Evenementer am Secteur (z. B. Stänn op Journéeën)


Intern Kommunikatioun


  • Preparatioun vun Texter fir d’intern Diffusioun iwwer verschidde Kanäl
  • Stäerkung vum internen Informatiounsfloss an Informatioun vun de Mataarbechter iwwer Aktualitéiten
  • Weiderentwécklung vun der Kommunikatioun mat de Memberen an Fërderung vun hirer aktiver Participatioun


Äre Profil


  • Diplom am Beräich Kommunikatioun oder gläichwäerteg
  • Op d’mannst 2 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Positioun (idealerweis am soziale Secteur oder an enger asbl)
  • Staarkt Organisatiounstalent an exzellent schrëftlech Kommunikatiounsfäegkeeten
  • Fäegkeet, verschidde Projeten parallel ze koordinéieren
  • Exzellent Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen (souwuel schrëftlech wéi mëndlech)


Firwat bei d’FEDAS Lëtzebuerg kommen?


  • E kollaboratiivt a stimuléierend Aarbechtsëmfeld
  • Ambitiéis Projeten am soziale a gesellschaftleche Beräich
  • Reell Méiglechkeete fir professionell a perséinlech Entwécklung


Prett fir eng nei Erausfuerderung?


Deelt mat eis Äert Talent an Är Leidenschaft fir Kommunikatioun! Schéckt eis Äre CV an Äre Motivatiounsbréif iwwer eis Websäit: www.fedas.lu/jobs

Postulez en ligne

Chargé·e de communication (50%) – CDD

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


1

La Newsletter

Restez informé de l'état du marché du travail au Luxembourg et recevez nos conseils pratiques !

Désinscription possible à tout moment.