Erzéier (m/w/x) 100% CDI - Service Suivi Psychosocial
Publiée le 03/07/2026
Fondation Kräizbierg
Äre Profil :
Dir hutt en zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diplôméierten Erzéier.
Dir beherrscht d'Lëtzebuerger Sprooch a hutt eng gutt Maîtrise vum Franséischen an Däitschen.
Dir sidd empathesch a kënnt eng vertrauensvoll Relatioun mat de Clients opbauen.
Dir sidd motivéiert, nei Projete mat auszeschaffen an Är Iddien anzebréngen.
Dir sidd zouverlässeg, flexibel an teamfäeg.
Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B).
Erfarung am Beräich vum Handicap an/oder der pädagogescher Begleedung ass en Atout.
Är Missiounen:
Ënnerstëtzung bei administrativen an organisatoreschen Demarchen.
Pädagogesch Ënnerstëtzung fir d'Autonomie, d'Selbstbestëmmung an d'sozial Integratioun vun de Persounen ze stäerken.
Begleedung op extern Rendez-vousen an Visiten Doheem, jee no Besoin.
Kooperatioun a reegelméissegen Austausch mat internen an externe Servicer.
En individuelle Projet d'accompagnement zesumme mat der Persoun opstellen a reegelméisseg reevaluéieren.
Mir bidden:
E Gehalt no der CCT-SAS, Carrière C4 (13. Mount, mindestens 34 Deeg Congé pro Joer an aner Avantagen).
Eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem multidisziplinären Team.
Eng autonom a flexibel Aarbechtsorganisatioun.
D'Méiglechkeet, u professionelle Weiderbildungen deelzehuelen.
Réf. FK2635
R.C.S. Luxembourg : G 34