Responsabel fir de Service Social

Publiée le 14/04/2021

Sodexo Luxembourg logo

Sodexo Luxembourg


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
LB
Niveau d'étude

Responsabel fir de Service Social (m/w) - Onbefristeten Aarbechtsvertrag 32/40 Stonnen/Woch.


La fonction

  • An Zesummenaarbecht mat enger multidisziplinärer Equipe geréiert Dir d’Waardelëscht an Dir organiséiert déi nei Admissiounen,
  • Dir moderéiert, koordinéiert an huelt a verschiddenen Aarbechtsgruppen deel,
  • Dir hëlleft a lauschtert de Bewunner an hirem Ëmfeld no,
  • Dir suergt derfir dass eise Bewunner déi néideg Assistenz, Orientatioun an Ënnerstëtzung zoukënnt,
  • Dir suergt fir e gudden Oflaf an eng gutt Organisatioun vum Service,
  • Dir baut eng Vertrauensrelatioun mat de Bewunner an hirer Famill op,
  • Dir sidd effizient an Ärer Zesummenaarbecht mat allen Servicer, am Interessi vun de Bedürfnisser vu de Bewunner.


Votre profil

  • Dir hutt en sozial-pädagogeschen Diplom mat enger Qualifikatioun fir de soziale Secteur an och d’Erlaabnis äre Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben,
  • Dir hutt gutt Kenntnisser vum sozialen Ëmfeld zu Lëtzebuerg a besonnesch wat d’Assurance Dépendance an d’Krankeversécherung betrëfft,
  • Diskretioun a Frëndlechkeet, séchert Optrieden, Zouverlässegkeet, Flexibilitéit, selbstännegt Schaffen, Team- a Kooperatiounsfäegkeet sinn Är Stäerkten,
  • Dir hutt gutt Kenntnisser am Domaine vun der Gériatrie, der Gérontologie an an der Fleeg,
  • Dir sidd kontaktfreedeg an hutt dat néidegt Fangerspëtzegefill am Ëmgang mat de Bewunner an hirem Ëmfeld,
  • Dir hutt kee Problem schrëftlech Texter ze verfaassen,
  • Dir beherrscht d‘lëtzebuerger Sprooch, an dir kennt Franséisch an Däitsch.
Sodexo Luxembourg logo

Sodexo Luxembourg

39 rue du Puits Romain
L-8070 Bertrange
Luxembourg

Découvrir Sodexo Luxembourg

Responsabel fir de Service Social

Postulez en ligne

Responsabel fir de Service Social

Postuler sur le site de l'entreprise