Een Aide-boulanger
Publiée le 18/02/2025
Elisabeth
- Luxembourg-Ville
- Hôtellerie / Restauration / Métiers de bouche
- Entre 3.3k et 5.6k € / an
D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Bäckerei ‘Klouschterbrout’ zu Mondorf-les-Bains en neie Mataarbechter.
Disponibilitéit: direkt
Aarbechtsbeschreiwung:
- Produktioun vu Brout a Viennoiserie
- Ausliwwere vun eise Produite bei d‘Clienten
- Begleedung vun de Mataarbechter:inne mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Schichtaarbecht um 2 Auer, 5 Auer oder um 8 Auer je no Bedarf
Äre Profil:
- CCP Aide-Boulanger mat minimum 5 Joer Beruffserfarung
- Dir kënnt selbstänneg a der Produktioun schaffen
- Dir hutt Freed um Bäckerberuff a schafft gären an der Nuecht
- Dir sidd motivéiert, zouverlässeg a flexibel
- Dir schwätzt lëtzebuergesch an/oder däitsch
- Dir hutt Interessi un der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Dir hutt de Permis B, en Auto a kënnt mat enger Camionnette fueren