Chef de Groupe (m/w/d) CDD 100 % Maison 5 zu Miersch
Publiée le 24/10/2025
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
CDD vollzäit fir eng Dispense, Congé de maternité
an eventuell e Congé parental ze ersetzen
Är Aufgaben :
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen
- Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam
- Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn
- Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
- Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen
- Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;
- Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget
- Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz
- Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Leedungs- a Féierungskompetenzen
- Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz
- Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen
- Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen
- Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen
- Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung
- Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
- Führerschäin (Klass B)
Mir bidden :
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6 laut Diplom)
- Sympass Kaart
Schéckt aer Kandidature online op a lued folgend Dokumenter erop :
- Motivatiounsbréif
- CV mat Foto
- Kopie vum Diplom
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.