Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) - Centre Formida

Publiée le 31/03/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Niveau d'étude

Mir siche fir den Centre Formida een Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch.

De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen! Weider Infoe fënns du ënnerformida.lu

Deng Aufgaben:

  • Du bass responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an Entwécklungspläng (Opnam, Orientéierung, individuell Begleedung) vun de Jugendlechen

  • Du begleets a beréits d‘Equipe bei der Orientéierung vun de Jugendlechen am Kader vun hirem individuellen Entwécklungsplang

  • Du koordinéiers d’Kooperatioun mat de Familljen, externe Servicer a Lycéeën

 Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom a verfüügs iwwert Zousazqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn

  • Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 5 Joer

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch schwätzen

  • Du kenns den Aarbechtskader vum “Aide à l’enfance et à la famille” Gesetz, souwéi d’Rahmebedingunge vum lëtzebuergesche schouleschen a sozioprofessionelle Kontext

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren

  • Du bass kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung a Berodung vu Strategie bezüglech individueller Hëllefsmoossnamen

  • Du kanns eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozess opstellen

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Postulez en ligne

Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) - Centre Formida

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


1

La Newsletter

Restez informé de l'état du marché du travail au Luxembourg et recevez nos conseils pratiques !

Désinscription possible à tout moment.