Artisan polyvalent – Service Hausmeeschteren (m/w)
Publiée le 12/04/2024
ARCUS asbl
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir de Service Hausmeeschteren een Artisan polyvalent (m/w) – 40 Stonnen/Woch CDI
Profil
- Dir hutt een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend Qualifikatiounen
- Dir hutt Kenntnisser a praktesch Erfarungen am Ustrach
- Dir hutt Erfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a sidd fäeg mat verschiddene Materialien ze schaffen
- Dir sidd kierperlech fit a belaaschtbar an hutt Spaass u physesch an usprochsvoll Tätegkeeten
- Dir sidd handwierklech begaabt
- Dir kënnt flexibel an autonom schaffen
- Dir hutt ee staarken Teamgeescht
- Dir hutt een valabelen Autosführerschäin
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Mir bidden
- E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld
- E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen
Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis är Kandidatur eran.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)