Psycholog - Berodungsdéngscht (m/w)

Publiée le 10/04/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Expérience professionnelle
Niveau d'étude

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Responsabilitéiten

Mir siche fir d’Service Berodungsdéngscht : Psycholog (m/w) - 20-30 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Obligatoresch Ufuerderungen

• Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog,

• Dir hutt eng therapeutesch Ausbildung vun minimum 300 Stonnen oder sidd “en cours de formation”,

• Dir hutt minimum 2 Joer Beruffserfahrung,

• Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten,

• Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,

• Dir hutt e Führerschäin Klass B an ën Auto zur Verfügung.


Mir bidden

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

2 Place de Strasbourg
2562 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement ARCUS asbl

Psycholog - Berodungsdéngscht (m/w)

Postulez en ligne

Psycholog - Berodungsdéngscht (m/w)

Postuler