NEW Chef de projet technique (M/W/NB) - Service IT

Publiée le 04/03/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Niveau d'étude

Am Kader vun der Verstäerkung vun eisem IT-Departement sicht eis Zentraladministratioun een engagéierten Chef de projet technique (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.


D’IT-Team vun arcus spillt eng zentral Roll an der digitaler Entwécklung vun eiser Organisatioun. Eis Equipe ass an alle Beräicher vun arcus aktiv a schafft all Dag dorun, performant, sécher an innovativ IT-Léisungen ëmzesetzen. D'Zil ass et, d’Aarbechtsprozesser ze vereinfachen, d’Qualitéit vun eise Servicer nohalteg ze stäerken an d’Organisatioun digital weiderzebréngen. Dobäi setze mir op en enken Austausch mat alle Servicer an op praktesch, bedierfnisorientéiert Approchen. An eiser IT-Equipe kriss du d’Méiglechkeet déi digital Zukunft vun enger engagéierter Organisatioun matzegestalten. Als Chef de projet technique iwwerhëls du eng Schlësselroll an der Koordinatioun vu techneschen an transversale Projeten a vertrëtts d’IT-Team no bannen an no baussen - ëmmer an enker Zesummenaarbecht mam Responsabel vum Service.


Deng Aufgaben

Pilotage vun techneschen IT-Projeten

  • Koordinatioun vu verschiddenen IT-Projeten (Analyse, Planifikatioun, Ëmsetzung an Evaluatioun)

  • Strukturéieren a verwalten vum Portfolio vun techneschen IT-Projeten (Infrastruktur, Systemer, Netzwierker, Sécherheet, Applikatiounen)

  • Enk Zesummenaarbecht mat den verschiddenen techneschen Responsabelen bei der Planifikatioun, Suivi a Leedung vun de Projeten

  • Aféieren a weiderentwéckelen vu Methoden, Prozesser a Tools fir d’Projetsgestioun

  • Festleeën vun de Projetsdaten (Planning, Budgeten, Ressourcen, Risiken) an Erstellen vu reegelméissege Rapporten fir den IT-Management


Transversal Projeten a Vertriedung vum IT-Departement

  • Vertrieden vum IT-Service an interne Projeten mat IT-Komponent

  • Transversal Zesummenaarbecht mat aneren Servicer fir Bedierfnesser z’identifizéieren a nohalteg Léisungen ze entwéckelen

  • Technesch Expertise schonn an de Konzeptiounsphasen abréngen, fir Emsetzbarkeet, Architektur, Integratioun an Sécherheet ze sécheren

  • IT-Auswierkungen vu net-IT-Projeten analyséieren (Opwand, Käschten, Ofhängegkeeten a technesch Risiken)

  • Koordinatioun tëscht Fach-Equippen, transversale Projetscheffen an IT-Equipe

  • Sécherstellen datt d’Projeten mat IT-Standarden, Architektur a Roadmap iwwereneestëmmen


Projetkultur a kontinuéierlech Verbesserung

  • Matwierken un der Entwécklung vun enger gemeinsamer IT-Projetskultur an enger gemeinsamer Sprooch tëscht IT a Fachberäicher

  • Bedeelegung un der kontinuéierlecher Verbesserung vun de Leedungs-, Koordinatiouns- an Prioriséierungsprozesser vun de Projeten

  • Iwwerhuele, jee no Besoin, vun der Koordinatioun vu komplexen techneschen oder transversale Projeten

Däi Profil

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor an der Informatik, den Informatiounssystemer oder engem änleche Beräich

  • Minimum 5 Joer Beruffserfarung an der Gestioun vun techneschen IT-Projeten, alsChargé de projet technique oder an enger transversaler IT-Koordinatiounsfunktioun

  • Gutt technescht Versteesdemech an d'Fäegkeet, operativ am IT-Team matzeschaffen (Infrastruktur, Systemer, Netzwierker, Applikatiounen, Sécherheet)

  • Fäegkeet den IT-Service ze vertrieden a funktionell Besoinen an technesch Impakter z’iwwersetzen

  • Exzellent Kommunikatiouns-, Koordinatiouns- a pedagogesch Kompetenzen

  • Strukturéiert, autonom a resultatorientéiert Aarbechtsweis

  • Staarken Teamgeescht

  • Fäegkeet a Motivatioun transversal ze schaffen an als Bindeglidd tëscht IT an anere Servicer ze wierken

  • Kenntnisser vu Programméierung (Python an/oder VBA)

  • Beherrschung vu Tools a Methodologien an der IT-Projetsgestioun (Agile, Scrum, PRINCE2, ITIL, PMP)

  • Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch op Niveau C1

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Postulez en ligne

NEW Chef de projet technique (M/W/NB) - Service IT

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.