NEW Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) - focus (Formatioun an Entwécklung)
Publiée le 15/07/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir eise Service focus (Formatioun an Entwécklung): Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch
Mir gleewen un d'Potential vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen. Mir schafen Raim fir Reflexioun, Léieren an Entwécklung. Mir verstinn Berodung net als d'Vermëttele vu fäerdege Léisungen, mee als e gemeinsame Prozess, fir nei Perspektiven ze entdecken an nohalteg Entwécklung méiglech ze maachen.
Deng Aufgaben:
Du begleets pedagogesch Équipen an Organisatiounen an hire fachlechen Entwécklungsprozesser
Du schafs Geleeënheete fir Reflexioun, Austausch a professionellt Léieren am Alldag
Du ënnerstëtz Fachleit bei pedagogeschen, organisatoreschen an teambezunnen Erausfuerderungen
Du moderéiers Reuniounen, Workshops a Begleedungsprozesser a förders eng konstruktiv Zesummenaarbecht
Du beobachts Praxis, hëls Ressourcë a Potentialer an de Bléck a begleets d'Entwécklung vu passende Léisungen
Du begleets Qualitéits-, Konzept- an Verännerungsprozesser a Bildungs-, Betreiungs- an Aide à l’enfance-Strukturen
Du schaffs enk mat de Kolleg*innen aus engem multidisziplinären Team zesummen
Du dréis zur Weiderentwécklung vu Methoden, Instrumenter a Fachressourcen bäi an entwéckels inspiréierend Formater fir Formatiounen
Däi Profil:
Du interesséiers dech fir d'Entwécklung vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen
Du kanns vertrauensvoll Bezéiungen opbauen an op Aenhéicht mat verschiddenen Acteuren zesummeschaffen
Du lauschters aktiv no, stellst reflektéiert Froen a kanns verschidde Perspektiven zesummebréngen
Du hues eng héich Reflexiouns- a Kommunikatiounskompetenz
Du kanns flexibel mat komplexe Situatiounen ëmgoen an behäls dobäi den Iwwerbléck
Du schaffs selbstänneg, strukturéiert a verantwortungsvoll
Eng Ausbildung oder Beruffserfarung an de Beräicher Bildung, Sozialaarbecht, Psychologie, Berodung, Coaching, Organisatiounsentwécklung oder engem vergläichbare Beräich
Du beherrschs Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch; weider Sprooche si wëllkomm
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen.
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS.
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen.
Eng Aarbechtskultur, déi op Vertrauen, Zesummenaarbecht an Entwécklung setzt.
D'Méiglechkeet, Bildung, Betreiung an Hëllefssystemer aktiv matzegestalten.
Kontinuéierlech fachlech a perséinlech Weiderentwécklung.
D'Méiglechkeet, all Dag dozou bäizedroen, datt Fachleit, Équipen a Kanner vun de beschtméigleche Bedéngunge profitéieren.
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.