Stellvertriedend Direktioun (m/w/d)
Publiée le 12/05/2026
SOS Détresse asbl
Mir sichen eng stellvertriedend Direktioun (m/w/d)
CDI 40 St.
Hues du Freed drun, e Service matzeféieren, z’innovéieren a Mënsche professionell ze begleeden?
Bass du op der Sich no engem Start an eng féierend Positioun? Mir sichen eng Persoun, déi bereet ass an de kommende Jore Responsabilitéit ze iwwerhuelen an de Service weiderzeféieren.
Wanns du no enger mënschlech beräicherender an ofwiesslungsräicher Erausfuerderung sichs, freeë mir eis op Deng Kandidatur!
Deng Missiounen an Aufgaben:
- Ënnerstëtzung vun der Chargée de Direction bei der Gestioun vum Service
- Op d’Besoine vun eisem Service a vun de Benevollen agoen
- Aktiv Bedeelegung un der Entwécklung vun neie Konzepter, Strategien a Projeten
- Representatioun vum Service an der Ëffentlechkeet
- Ausbildung, Begleedung a Supervisioun vun eise Benevollen
- Entwéckelen an Duerchféiere vu Formatioune fir eis Benevollen
- Collaboratioun mam Familljeministère a mat eisem Verwaltungsrot
Däi Profil a Kompetenzen:
- Masterofschloss am psychosoziale Beräich (z.B. Psychologie)
- Méijähreg Erfarung am psychosoziale Beräich
- E Sënn fir Diskretioun a Vertraulechkeet
- Staark Empathie an e wäertschätzenden Ëmgang mat anere Mënschen, a besonnesch mat deenen, déi an enger schwiereger Liewenssituatioun sinn
- Bewosstsinn fir d‘Wichtegkeet vum Benevolat
- Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeeten a Fäegkeet autonom wéi och am Team ze schaffen
- Gudden Ëmgang mat Word, Excel a Powerpoint
- Punktuell Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäite fir d‘Formatiounen/Supervisiounen/Ëffentlechkeetsaarbecht
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
- Führerschäi B an en Auto zur Verfügung
Wat mir bidden:
Mir bidden eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen. D’Plaz ass ab direkt ze besetzen.
Bewerbung:
Wanns Du interesséiert bass, schéck eis Deng Bewerbung mat:
- enger Lettre de Motivation
- engem ausféierlechen CV
- enger Kopie vun Diplomer an Zertifikater
- enger aktueller Foto
Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.
D’Remuneratioun entsprécht dem SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7).