Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wungrupp Haus 5 zu Miersch - CDI - 80%
Publiée le 16/06/2026
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp
d'Haus 5 zu Miersch:
engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher
wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir sidd Agent éducatif oder Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen
an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?
Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
Mir freeën eis op Är Kandidatur !
Är Aufgaben:
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Führerschäin (B)
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom)
Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.