Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5*

Publiée le 29/07/2026

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG logo

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG


Temps de travail
Type de contrat

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner  an hiere Familljen wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hiere Famillje ze leeschten?

Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an hiere Famillje, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.

Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi,

e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.


Är Aufgaben

  • Ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill

  • Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren

  • De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.

  • Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren

  • Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen

  • Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen

  • Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren

  • Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen

  • Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken

  • An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren

  • Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren

  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.)

  • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF

Wat eis ënnerscheet

Mir investéieren an Är Entwécklung

  • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,  ...)

  • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

  • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse

  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung

Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement

  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

  • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung

E professionellen a strukturéierte Kader

  • Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team

  • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen

  • Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun

  • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung

Eng Missioun mat Wierkung

  • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren

  • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen

  • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen

Äre Profil

Diplomer a fachlech Kompetenzen

  • Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom)

  • Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg

  • Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie

  • Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz)

  • Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.)

  • Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille

Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil

  • Wertschätzend a professionell Haltung

  • Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen

  • Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen

  • Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner

  • Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn

  • Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement

  • Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen

  • Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet

  • Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis

Zousätzlech Ufuerderungen

  • Führerschäin B

  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen

  • CDI

  • Beschäftegungsgrad: 75 % oder 80 %

  • Remuneratioun laut CCT-SAS C5*

  • Attraktiv extralegal Virdeeler


Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!


Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'exercer


Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Postulez en ligne

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5*

 
 
 
 

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt (taille max : 10 mo).



Ex : Lettre de motivation, portfolio, etc.

Formats supportés :
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (taille max : 10 mo).


Profitez-en pour créer un compte gratuit et sécurisé afin de rejoindre la communauté Moovijob.com.

 
 
i
Utilisez au moins huit caractères avec des lettres, un chiffre et un symbole
Confidentialité

Chez Moovijob.com nous veillons à la sécurité de tes données. Ton compte Moovijob.com n’apparaîtra jamais publiquement. Nous respectons les paramètres de confidentialité que tu définis. Seules les entreprises pour lesquelles tu postules ou celles utilisant la CVthèque Moovijob.com peuvent avoir accès à ton profil, si tu l’as décidé.


Restez informé de l'état du marché luxembourgeois et recevez nos conseils lors de ce rendez-vous !

En postulant sur Moovijob.com, vous acceptez les informations légales.


1

La Newsletter

Restez informé de l'état du marché du travail au Luxembourg et recevez nos conseils pratiques !

Désinscription possible à tout moment.