Fachbegleeder / Educateur gradué - focus (m/w)

Publiée le 04/04/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Expérience professionnelle
Niveau d'étude

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir den Service focus, Formatioun an Entwécklung: Fachbegleeder Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille (m/w) 35- 40 Stonnen/Woch CDI


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Responsabilitéiten


Hues Du Loscht am Beräich vun der sozialpädagogescher Berodung a Weiderbildung ze schaffen a folgend Missiounen ze erfëllen?


  • konzeptuell Begleedung vu Familljenhaiser, Kannerhaiser an Centres socio-thérapeutiques (Service’er an der Aide à l’enfance, à la jeunesse et à la famille) an hirer sozialpädagogescher an sozio-therapeutescher Qualitéitsentwécklung, 
  • Berodung vu Chargé’en, Responsable’en, Assistants pédagogiques an Ekippen,
  • Entwécklung an Ausschaffe vu Konzepter a Projet’en,
  • Formatiounen entwéckelen an halen fir Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich,
  • Ausernanersetzung matt gesellschaftspoliteschen Themen am Bezug zur Praxis,
  • Weiderentwécklung vu praxisorientéierte Formatiounssettings.


Obligatoresch Ufuerderungen


  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an hues Zousatzqualifikatiounen, déi fir den Beräich Fachbegleedung interessant sinn,
  • Du hues eng Qualifikatioun am sozio-edukativen resp. sozio-therapeutesche Beräich, 
  • Du hues Erfahrung an der pädagogescher Aarbecht mat Kanner, Jugendlechen an Familljen
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
  • Du hues fundéiert Kenntnisser vun der sozio-therapeutescher Aarbecht mat Kanner an Jugendlechen
  • Du kenns déi wichteg Themen an Spannungsfelder an der Aide à l’enfance an an der non-formaler Bildung,
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
  • Du bass flexibel, mobil, schaffs autonom an och gäre mat Leit.


Mir Bidden


  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
  • Zäit, fir Dech an d’Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

2 Place de Strasbourg
2562 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement ARCUS asbl

Fachbegleeder / Educateur gradué - focus (m/w)

Postulez en ligne

Fachbegleeder / Educateur gradué - focus (m/w)

Postuler