NEW Educateur diplômé / Educateur gradué - Crèche Elmen (m/w)

Publiée le 16/04/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , DE , LB
Expérience professionnelle
Niveau d'étude

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


NEI STRUKTUR

Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Du hues Loscht an engem jonken Team eng nei Crèche mat zegestalten.

Dann bass du bei eis genau richteg. Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss, Educateur diplômé an / oder Educateur gradué (m/w) fir eng 30-40 Stonnen/ Woch CDI an der neier Crèche Elmen zu Olm.


Mir bidden dir:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • E multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
  • Eng Plaz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du bass motivéiert an oppe fir Neies
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

Du bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur!


Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren. 


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)



ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

2 Place de Strasbourg
2562 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement ARCUS asbl

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué - Crèche Elmen (m/w)

Postulez en ligne

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué - Crèche Elmen (m/w)

Postuler