Aide socio-éducative (h/f/x) - 10-40St/Woch - (SEA)

Publiée le 21/04/2024

Caritas Jeunes & Familles asbl logo

Caritas Jeunes & Familles asbl


Temps de travail
Type de contrat
Langues parlées
FR , EN
Expérience professionnelle
Niveau d'étude

Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi schon zanter méi wéi 35 Joer besteet a bal 700 Mataarbechter huet.

Eis Missioun ass, d'Zukunft vun Äre Jonken a Kanner zesummen ze bauen. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l. Dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.

Eis Mataarbechter schaffen all Dag am Kanner-, Jugend- a Familljesecteur, fir d‘Beneficiairen an hirem Liewen z'ënnerstëtzen, egal wéi eng Bedierfnisser se hunn oder wéi e Wee se huelen.

 

Fir eis Ekippen ze verstäerken, siche mir eisen zukünftege motivéierte Mataarbechter.


RESPONSABILITÉITEN

 

Wann Du an eiser Associatioun schaffe kënns, hëllefs du net nëmmen an der Integratioun, Inclusioun an der Entwécklung vun de Kanner an eise Crèchen, Maisons relaisen an Foyers de jour, mä du hues och d'Méiglechkeet, pedagogesch Projeten mat ze gestalten.


Deng Haaptaufgaben sinn :

 

- D‘Kanner an hirer individueller Entwécklung ënnerstëtzen ;

- D’Betreiung an den Encadrement vun de Kanner garantéieren ;

- Op d'psychesch a physesch Bedierfnisser vun de Kanner oppassen an deene gerecht ginn ;

- Eng professionell Partnerschaft mat den Elteren entwéckelen;

- Mat der pedagogescher Ekipp ënnert der Responsabilitéit vun der Equipe dirigeante zesummeschaffen ;

- Bei pedagogesche Projeten deelhuelen ;

- Am Aarbechtsalldag déi aktuell Sécherheetsnorme respektéieren.

 

NÉIDEG KOMPETENZEN

 

Du hues / bass :

 

- Gutt Kenntnisser iwwert pedagogesch Konzepter vun der non-formaler Bildung ;

- Sënn vu Verantwortung an Organisatioun

- Eng interesséirt a proaktiv Persoun, déi oppe fir Verännerungen ass ;

- Ekippegeescht ;

- Empathie a Feingefill.

 

Du hues / bass awer och :

 

- D’Formatioun vun 118 Stonnen „Bases de l’éducation et de l‘accueil d’enfants » ofgeschloss ;

- Fléissend Kenntnisser an op d'mannst zwou vun den dräi offizielle Sproochen :

  • Lëtzebuergesch (Mindestniveau B1.2),
  • Franséisch,
  • Däitsch,

- E gültegen Éischt-Hëllefs-Cours-Certificat (manner al wéi 5 Joer) ,

- De B-Führerschäin.

 

MIR BIDDEN :


- Eng mutlidisziplinär, motivéiert an engagéiert Ekipp ;

- E wuelwëllend, professionnellt an agreabelt Aarbechtsëmfeld ;

- D'Méiglechkeet, dech kreativ ze entafalen ;

- Weiderbildungen, ugepasst un deng berufflech Entwécklung ;

- En onbegrenzten oder zaïtlech begrenzten Kontrakt (CDI/CDD)

- Bezuelung nom aktuelle Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale secteur (maximal Carrière C2) ;

- Eng direkt Astellung oder no Ofsprooch.


En Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.

 

Bass Du interesséiert, e positiven Impakt op eis jonk Gesellschaft ze hunn ? Wëlls du mat enger motivéierter a engagéierter Ekipp schaffen an all Dag zur Entwécklung vu jonke Leit a Kanner bäidroen? Wa jo, freeë mir eis schon op deng Kandidatur ! :)


Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : cjf.lu


Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD)


Caritas Jeunes & Familles asbl logo

Caritas Jeunes & Familles asbl

64 Rue Charles Martel
2134 Luxembourg
Luxembourg

Recrutement Caritas Jeunes & Familles asbl

Aide socio-éducative (h/f/x) - 10-40St/Woch - (SEA)

Postulez en ligne

Aide socio-éducative (h/f/x) - 10-40St/Woch - (SEA)

Postuler