Erzéier fir séng Klengkannerwunngruppen

Publiée le 05/03/2025

Elisabeth logo

Elisabeth


Är Aufgaben:

  • Dag- an Nuechtbetreiung vu Kanner am Alter tëscht 0 a 4 Joer an de Wunngruppen um Houwald an zu Aassel
  • Individuell Entwécklungsförderung vun de Kanner
  • Alldagsfleeg vun de Kanner a Fleeg am Krankheetsfall
  • Altersspezifesch Eenzel- oder Gruppenaktivitéiten
  • Gestaltung an Emsetzung vun engem individuelle pädagogesche Projet
  • Zesummenaarbecht mat Elteren a Familljen
  • Zesummenaarbecht mat anere Professionellen
  • Erstelle vu Berichter an Dokumentatioun


Äre Profil:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier an eng “autorisation d’exercer” (m/w/d)
  • Berufflech Erfahrung am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef ass vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef si vu Virdeel
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Fréih-, Spéit- an Nuetsschichte schaffe kënnen
  • Déi 3 Landessproochen (L/D/F) beherrschen
  • Empathie a Versteesdemech fir d’Situatioun vu de Kanner an hiren Familljen
  • Veräntwertungsbewosstsinn
  • Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeveräntwertung an Dynamismus
  • Teamfähegkeet, Kooperatiounsfähegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft


Mir bidden:

  • Eng villfälteg an ofwiesslungsräich Aarbecht
  • Een dynamescht Aarbechtsemfeld
  • 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen faalen ënnert de SAS-Kollektivvertrag


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Droit d’exercer
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscour



Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)